Un der Léngt

 

Ech souz am Park op enger Bänk,

du koum e Mann mat engem Hond.

Dat Déier goung schéin un der Léngt,

"sou wéi et soll", hunn ech mol fonnt.

 

Den Häerchen huet et fäi geleet,

huet him bal kuerz, bal laang Léngt ginn,

fir datt de Mupp net duerhi geet,

wou dausend faarweg Blumme stinn.

 

Op eemol mécht den Hond e Saz

an zéit säin Här an d'Rousebeet.

De Grond vum Spronk, dat wor eng Kaz,

déi onerlaabt op d'Juegd hei geet.

 

          Net ëmmer geet et, wéi een denkt:

          dee Schwaachen zéit och d'Ficelle gär!

          Da gëtt mol aneschter gerenkt;

          fir eemol ass dee "Klengen" Här!

 

Den Hond ass fort, ech souz nach do,

du koum eng Fra mat engem Kand.

't wor sécher d'Bomi, si wor gro;

si hat zwou Léngten an der Hand.

 

De Béifchen hat e Kieler un

aus Rimmen iwwer Broscht a Réck.

Seng Giedi huet doru gezunn,

bal lénks, bal riets, an engem Stéck.

 

Dee Klengen, deen nach schlecht zu Fouss,

wëllt bei eng Blumm, si richt sou gutt.

De Rimm, dee seet:"Géi net bei d'Rous,

si pickt dech gläich, an da kënnt Blutt!"

 

          Net ëmmer geet et wéi een denkt:

          dee Schwaachen zitt och d'Ficelle gär!

          De Béifchen huet an d'Beet gerenkt,

          an d'Bomi louch gläich an den Där.

 

De Patron oder Chef, deen zéit

och un der Léngt säi Personal.

Wien net paréiert - hopp - dee fléit!

't ass schued, besonnesch fir déi Al!

 

Den Tempo gëtt esou bestëmmt,

den Ufank vun all Dag an d'Enn.

Hien zitt, wann ee beim Schaffe fëmmt,

wann een Ablack mol rouen d'Hänn.

 

Mä stellt dee klenge Mann da fest,

datt am Betrib schwaarz Konte sinn,

mierkt hie bei engem klugen Test,

datt d'Steiren hannergaange ginn...

 

          Da geet et anescht, wéi een denkt!

          Dee Klengen zitt dann d'Ficelle gär,

          un där dee béise Meeschter hängt:

          'lo gëtt deen An'ren och mol HÄR!

 

          Hien ass net gläich esou vermessen,

          mat sengem Wëssen ze erpressen,

          mä - 't ass och aneschter ze man,

          ganz heemlech, ënner véier An,

          dat richtegt Wuert - sou an de Wand gestreet,

          dee Klengen op der Leeder klammen deet!