De Poppespiller ass do

 

D'Kanner koume wéi de Wand erbäi:

de Jemp, de Klos, de Pitt, den Néckel.

Susanns Mett, an och dem Wiert seng dräi:

dat Gréisst, dat hat dat Klengt beim Wéckel.

 

Jiddferee wollt nees dee Spaass gesinn,

wann d'Männercher hir Konschte maachen.

't ass dach flott, wéi si um Fuedem ginn,

de Kasperlek, an d'Hex an d'Draachen.

 

Jiddfreen denkt sech heemlech an eng Roll:

spillt Kinnek, Mëller oder Däiwel.

Alles ass ganz eescht, 't gesäit keen d'Woll,

déi d'Schicksal leet, 't huet keen en Zweifel!

 

Wat den Däiwel seet, dat gëtt gemaacht,

an alles ass d'accord a klappt an d'Hänn.

Iwwert d'Hex am Uewe gëtt gelaacht,

bis dann de Rido zougeet, dat ass d'Enn.

 

Haut kënnt keen an d'Duerf mat engem Won,

mat Bühn an Däiwel a Kollegen.

Haut, do brauch een net méi wäit ze gon,

well haut huet jiddfereen seng eegen!

 

An der Stuff huet si déi beschte Plaz,

a Kanapee a Fotell sti rondëm.

Opgepasst gëtt drop wéi op e Schaz -

kéim eppes drun - o jëses - dat wär schlëmm!

 

D'Fiedem kann een haut net méi gesinn,

mä jiddferee vun eis, deen hängt nach drun.

't ass eis "Këscht", déi seet, wuerhi mer ginn

a wat mer onbedéngt ze kafen hunn!

 

Eis modern Marionettekëscht

diktéiert eis, wat falsch ass a wat echt.

Wien dee beschten op der Wielerlëscht:

deen décken Alen oder jonken Hecht!

                     *************

Si mer eis bewosst, gesi mer d'Schnéier,

déi eis zéien, hin an hier, a rop a rof?

Zéckt net laang, gräift huerteg no der Schéier,

schneid déi hannerhälteg Fiedem racksdeg of!