E Liewen

 

Wat ass da schonn e Liewen!

 

Eng Zäit verwonnert aus der Kutsch gekuckt

a stonnelaang um Potti 'rëmgehuckt.

Duerno wéi Nopesch hire Mupp gebillt

an deeglaang hann'rem Haus gespillt.

Vill Owender de Sandmännche gekuckt

an eppes spéider iww'rëm Buch gebruckt.

Vrum Spigel dann deen éischte Baart gemierkt

a Crème op d'Pautschen am Gesiicht geschmiert.

Eng Aarbecht fonnt a schéi brav schaffe gaang,

gedëlleg, meeschtens pénktlech, jorelaang.

E Meedche gär gesinn an och bestuet,

wat dann en etlech Kanner mat sech bruet.

De Gaart gegruewen, all Jor op en neits,

geséit, geplanzt a Gëft geluecht fir d'Mais.

De Quartier tapezéiert - 'souvill mol,

esou dacks Mëllech, Schmant a Brout geholl.

Virun all Wanter Gromp'ren ageluecht,

all Owend zougespaart virun der Nuecht.

All Méindeg Muergen d'Auer opgezunn,

gesuergt, datt d'Vullen ëmmer Kären hunn.

Geschafft, gefléckt, geschlof a giess,

dertëscht mol eng Minittche stëll gesiess...

 

Ass dat da schonn d'ganzt Liewen?

 

Ass net vläicht dëst an dat der mol begéint,

wat net wéi d'Millerad sou dréint an téint? -

Du stoungs um Strand a lues a lues ass d'Sonn

wéi feiregt Gold am Mier verschwonn.

Ganz héich um Bierg, tëscht spatze Steng, am frësche Schnéi,

do stounge butzeg Vioulen an der Bléi.

Wéi hunn dem Bouf seng Aen du geliicht,

wéi dir zesummen d'Ouschterär gesicht.
A wann s de an der Fotell sëtz mam Buch,

de Geieconcert lauschters vum Max Bruch,

am Fréijor duerch de Park spadséire gees,

an d'Vulle sinn erëm a sangen nees.

A wann de Bësch a Gold gezappt do steet,

e schwéiren Hirsch dech séier ootmen deet.

Wa muerges alles wäiss vum éischte Schnéi,

wann d'Kand fir d'éischt dir laacht a senger Wéi.

A wann deen éischte Krokus bléit am Wues,

wann s de eppes Schéines opzeweisen hues...

Wat aus deem Leiertoun ervir sou stécht,

dat ass et, wat eng Symphonie draus mécht.

Dat mécht zu enger Freed eng lästeg Flicht,

dat mécht aus engem Aufsatz ee Gedicht:

 

Dat mécht eréischt e Liewen!