De Cliff a säin Hond
De Cliff, dee krut vru kuerzer Zäit
vu senger Bom en Hondd geschenkt.
Datt hie bal ëmmer bei him läit
beweist, wéi hien um Déier hänkt.
Den Hond goung bei de Bouf an d'Schoul,
huet liicht geléiert - hie wor lous!
En huet a senger Maul e Poul
dem Bouf nees zréckbruecht bei de Fouss.
En huet op Uerder hi gebillt,
konnt d'Pättche ginn a Männche man.
En huet mam Cliff mam Ball gespillt
an hat den Näischnotz an den An.
Just d'Vëlofuere goug nach net!
E bësche renke konnt e wuel,
mä wéi ee mat de Féiss sou trëtt,
dat goung bei him net an d'Hirschuel.
De Béifchen huet säi Kapp geplot,
bis hien dann och eng Iddi hat.
Eng Stëmm an him, déi huet gesot:
"Am Zirk, do fueren d'Honn och Rad!"
Hie geet mam Mupp erop an d'Strooss
a setzt 'n op d'Rad ewéi e Kand.
Hien dréckt en un, huet lassgelooss...
de Bello flitzt ewéi de Wand!
De Chauffeur wor vu Schreck entsat,
wéi aus dem 'Stop' e Vëlo kënnt.
Et pouft, et kraacht - den Hond an d'Rad
een hannen ënnrem Auto fënnt.
De Cliff, dee jäitzt a leeft dorof.
De Mippche wibbelt lues mam Schwanz
an ass fir ëmmer dunn entschlof.
De Vëlo wor zeson nach ganz.
Virun der Nuecht
Et ass zwar nach hell,
mä d'Sonn huet sech geluegt.
Niewendrun, an de Ställ,
kréien d'Kéi fir d'Nuecht.
Am Hieselter jadderen d'Spatzen
wéi d'Fraen um Maart.
Heiansdo fléien souguer d'Fatzen,
wann een sech net aart.
Ech denke bei mir: "Wat sollen se son?
Zielen se, wat s'esou gemaach,
dee léiwe laangen Dag?
Oder sollen se virum Schlofegon
éiren nach en Nuetsgebiet son?"
Autoritéit
De Papp an d'Mamm, de Proff, den Här,
si hätten s'alleguer sou gär!
Mä 't ass net jiddferengem ginn,
wéi mir et ëmmer nees gesinn.
Deem enge ginn, mat engem Wuert,
all Dieren op, all schwéier Puert.
Hien trëtt dohin, an eenzock ass
nees Rou an Uerdnung an der Klass.
En aanre jäitzt a brëllt wéi wëll,
mä 't déngt guer näischt, 't gëtt dach net stëll.
Een deelt Kamellen aus a Knätsch
an owes ass en ower dätsch.
Wär d'Autoritéit am Ausverkaf,
oh Gott, wat kéime Leit gelaf!
Mä 't gëtt se leider net am Pond,
dat huet bis 'lo nach keen erfonnt!
Du hues se oder hues se net,
't ass kee Rezept, dat dir se gëtt.
Autoritéit - dat sief gesot -
ass ee Geschenk, scho bal eng Gnod!