Picken

 

D'Deeg, déi gi scho vill méi laang,

an d'Keelt, déi ass ewéi gebrach.

D'Huergäns sinn eriwwer gaang,

an d'Buerge goufen ugestach.

 

D'Fréijor kënnt op luese Schong,

well heiandsdo séngt schonn eng Mees.

Do, wou ech spadséire goung,

gouf d'Sonn dem Hiwwel schonn eng Bees.

 

Ënnert enger Heck do steet

di schéinste Blumm wuel aus dem Dall.

D'Faarf vun hirem Kleed

ass mer direkt an d'A gefall.

 

" 't ass nach kal", hunn ech geduecht,

"wie weess, wéi 't weider geet?

Vläicht kënnt nach Frascht an dëser Nuecht,

dann ass eriwwer all hir Freed!

 

D'Blimmche stéing dach méi apaart

bei mir doheem ewéi just do..."

Picken hunn de Wee verspaart,

an 't gouf mer déck ëm Häerz a Mo!

 

 

 

D'Vioul

 

Nieft der Schléiwenheck, do steet

eng Vioul ganz no beim Piechtendrot.

D'Ouschtren hu se nei gekleet,

a si ass houfreg op hir Wot.

 

Wat do steet beim Piechtepoul,

ëntsprécht net richteg menge Wënsch.

't ass jo blous eng Hondsvioul,

an 't geet hir grad ewéi dem Mënsch:

 

D'Kleed, dat passt a stécht an d'An,

mä gläich drop mierkt ee mat Verdross:

d'Kleed, dat ka keen anescht man,

de Parfum sicht deng Nues ëmsoss!

 

 

Stuffenzäit

 

Et gëtt 'lo kal a gro an naass,

an d'Blieder pechen an der Gaass.

De Bam weist scho seng plakeg Hänn,

de Spackelter seng pickeg Zänn.

 

'lo kënnt déi heemlech Stuffenzäit,

an där ee keen am Duerf gesäit.

Si fänken 'lo nees d'Feier un

a wëllen et gemittlech hunn.

 

Et sëtzt sech fein do, d'Bee gestreckt,

wann d'Flam um dréch'nen Holzscheed leckt.

De Papp huet d'Zeitung opgeschlon,

 an d'Këndche wëllt net schlofe gon.