Fräi Welt oder Fräiwëld?

(Zu enger TV-Sendung vun Amnesty International)

 

De Wand rappt rosen un de Lueden

a birelt freeschlech uechter d'Nuecht.

Et mécht him Freed, wann hie ka schueden:

all schwaache Bam gëtt ëmgeluegt.

 

          E bléist aus senge kale Longen

          a jeet de Schnéi duerch Spléck a Bascht.

          Huet hie säi Lidd zu Enn gesongen,

          da leet en sech a rascht.

 

Mir sëtzen an de waarmen Häiser,

'sou schéi gemittlech beieneen.

Flénk Flame lecken un de Reiser,

am Schminni, op dem roude Steen.

 

          Vrum Fernseh steet eng Schuel mat Käschten,

          gesalzen Nëss a Jus parat.

          E Clown, dee gëtt e Witz zum Beschten

          an turnt ewéi en Akrobat.

 

Sou sëtzen haut a ville Länner

zefridde Leit a frouer Ronn.

Vill aanrer ower - Fraen, Männer-

déi waarden op hier glécklechst Stonn.

 

         Et geet zum Enn, an d'Clowne wénken.

         Den Zirk ass aus, et schléit lo aacht.

         Gläich wäert en neie Film ufänken -

         mir hätten nach sou gär gelaacht.

 

Well fänkt de Wand nees un ze brëllen -

vum Fernseh komme grad sou Téin!

Wat si den Owend weise wëllen,

dat mécht kee frou, dat ass net schéin.

 

          Gepéngegt Mënschen, Däiwelssaachen.

          eng äiskal Prisongszell.

          Wat Déiren net mat Déire maachen,

          geschitt an dëser Mënschenhell.

 

Et mengt een, 'twär net mënscheméiglech,

dat kënnt et op der Welt net ginn!

An dach geschitt et nach alldéiglech,

wat mir den Owend hei gesinn.

 

          Eng Gäissel mat metalle Spëtzen

          zerfatzt dem Mënsch de blousse Réck.

          Eng Fra muss op ëm Poul do sëtzen,

          zéng Stonne laang, an engem Stéck.

 

Si hänken d'Leit mam Kapp no ënnen

a schloen op se, ouni Rascht.

Et mécht e Spaass, déi Aarm ze schënnen:

si schloen, bis d'Hierschuel opbascht!

 

          En aanren huet seng Hänn gebonnen -

          aus engem Radio komme Knäll,

          sou haart, datt no en etlech Stonnen

          och platzt dat beschten Trommelfell!

 

Wien aanrer Meenung, gëtt gepéngegt,

kritt Sprëtzen an elektresch Stéiss.

E gëtt geriedert a gestengegt,

si trieden him d'Geschlecht mat Féiss.

 

          De Film ass aus, de Wand hault virun.

          D'Gedrénks an d'Nëss, déi schmaache schlecht

          no deem, wat mir elo gesinn hunn...

          Wie gëtt deen Aarme mol hiert Recht?