Den Applaus

 

En Acteur ass wéi d'Déier am Zirk:

de Séihond kritt um Schluss en Hierk,

an d'Päerd, krut hatt seng Féiss an d'Lut,

geet net, bis datt et Zocker krut.

 

Den Elefant, dee kritt e Brout,

dat ass bei hinnen sou de Moud.

Och d'Nilpäerd, dat mécht näischt ëmsoss:

hat knat en Apel mat Genoss!

 

Den Zocker, d'Brout an d'Hierken,

dat wäert dir selwer mierken,

dat ass fir d'Spiller den Applaus,

da gi se richteg aus sech 'raus!

 

Dofir klappt hinne gutt an d'Hänn,

et deet iech dann net leed um Enn!

 

Äddi

 

En Äddi ass bal wéi e Stierwen,

net grad sou schlëmm, et kann ee liewen,

mä ‘t gëtt e Lach, et gëtt e Rass,

wann een eng Zäit net bei eis ass.

                   

                 **********

                                              

Wann een eng Weil muss vun ons gon,

bei deem mer dacks a gär gesiess,

‘t ass wéi e Buch, dat zougeschlon,

ier d’lescht Kapitel gouf gelies.

 

‘t ass wéi eng Fruucht, déi ee gepléckt,

schonn ier se richteg zeideg ass.

Et ass, wéi wann ee fort geschéckt,

scho virum Seegen an der Mass.

 

‘t ass wéi d’Gespréich um Telefon,

dat matzendra gëtt ofgerappt;

wéi wann den Acteur fort muss gon,

ier d’Leit an d’Hänn geklappt.

 

‘t ass wéi wann d’Léngt ebeemol räisst,

sou datt de Wand den Draach mathëlt

a wéi verréckt doruechter schmäisst -

wie weess, wuerhin um Enn hien trëllt?

 

                 **********

                                              

En Äddi ass bal wéi e Stierwen,

net grad sou schlëmm, et kann ee liewen,

mä ‘t gëtt e Lach, et gëtt e Rass,

wann s du mol net méi bei ons bass!

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Hierscht (3)

 

E Pätterche sëtzt am Park vun der Stad

ze waarden, well hien huet gutt Zäit.

Vun der Bich niewendru fällt Blat u Blat

a gëtt vum Wand op de Wues gehäit.

Den Teppech wiisst lues a lues,

deen den Hierscht sech wieft.

A wann iwwert deem leschte Wues

emol de Wand sech hieft,

dann zaubert säin Hauch - eent zwee -

dem Teppech en neit Motiv an d'Bild,

datt all Mënsch dem Hierscht säin Otem fillt....

Mä de Pätter spiert d'Fréijor wéi am Mee,

wann hien drun denkt, wéi et fréier wor,

viru méi wéi - loosst mer son - en etlech Jor!

Den Niwwel

 

't ass fiicht a kal an naass:

den Niwwel schlauft duerch d'Gaass.

Bal steet e matzen do um Wee,

bal kräicht en iwwer de Pawee,

bal klëmmt en aus der Baach op d'Bréck

an trëndelt frech op hirem Réck.

 

't ass fiicht a kal an naass:

den Niwwel schlauft duerch d'Gaass.

De Chauffeur ass nach laang net frou:

den Niwwel hält him d'Luten zou

mat senger naasser, wäisser Moul-

't gesäit ee mol kee Stréch, kee Poul.

 

't ass fiicht a kal an naass:

den Niwwel schlauft duerch d'Gaass.

Um Schoulwee gëtt et haut keng Freed:

den Niwwel kräicht duerch jiddfer Kleed.

Ass nëmme just ee Knäppchen op,

scho schlauft e kal de Réck erop.

 

't ass fiicht a kal an naass:

den Niwwel schlauft duerch d'Gaass.

E street mat senger bleecher Hand

en Däiwelspudder an de Wand,

datt muer nees d'Halschecht vun der Klass

mat Schnapp an Houscht gezeechent ass!