De Léiweck

 

Ech si mam Vëlo iwwer d'Feld gefuer,

d'Natur louch nach ewéi am Schlof.

All Strauch an Hallem wor wéi nei gebuer,

de frëschen Da wor wéi eng Wonnergof!

Op eemol gouf ech opgeschreckt -

Wat huet dann d'Stëllt esou zerrass?

Eng Vullestëmm huet mech begléckt:

De Léiweck séngt aus voller Strass

a schrauft sech an den Himmel op.

Ech bleiwe ston a kucke 'rop,

wou hie mat Freed no uewe strieft,

sech mat Gesank géint Himmel hieft

an deem e froue Merci bréngt,

deen him geschenkt, wat hien haut séngt!

 

 

Wär dat als Ideal net gutt:

trotz Suerg mat ëmmer frëschem Mutt

a festem Schrëtt däi Wee ze gon

a fir all Schéines "merci" son?

 

D'Popp

 

E Kand hat an enger Vitrine

eng häerzeg léif Pëppche gesinn.

Hatt koum bal all Dag dohi ston,

't doung wéi, wann et huet misse gon.

 

Niklosdag koum endlech erun,

an d'Kand konnt seng Pëppchen dunn hunn!

Et huet se geheemelt, gedréckt

a fir se gekacht a gestréckt.

Hatt huet hir gesproocht, se gewéit,

sech stonnelaang ëm se beméit...

 

Mä lues, jo ganz lues houl et of,

an d'Popp huet eleng oft geschlof.

Dat Ganzt wor Routine beim Kand ginn -

et ka jo näischt éiweg nei sinn...

 

Där Poppen do gëtt et nach méi,

mä 't deet hinnen näischt, si sinn zéi!

Gekësst oder net, 't ass egal,

eng Popp léisst dat alles ganz kal!

Et ass och kee schreckleche Schued,

well eng Popp jo keen Häerz a sech huet!

 

Déi al Kapell

 

Si steet schonn zënter Joren do,

um Flouer, nieft der schmueler Strooss.

Hir Mau're si vum Wieder gro,

an d'Leeën hu sech scho gelooss.

 

Si steet eleng, ewéi vergiess,

net bal méi kuckt e Mënsch no hir.

Just d'Vulle sinn op si versiess

an turnen op der rascht'ger Dir.

 

Wann ech d'Kapell esou gesinn,

da fällt mer eng al Bomi an,

déi d'Kanner da besiche ginn,

wa soss keen hinnen hëll'fe kann.

 

Déi sëll'ge Baschte kräiz a quier,

déi uechter d'Mauere gezunn,

sinn d'Romplen op där aler Stir,

déi Suerg a Plo gegruewen hunn.

 

Wat huet si net erlieft, déi Al,

wou si op hirer Plaz hei steet.

Et sinn 'lo honnert Jor scho bal,

wou Jonk wéi Al hei laanscht si geet.

 

Hir A gesouch méi Leed wéi Freed,

dat ass och einfach ze verston.

Kuck, wann et engem gutt ergeet,

da geet dach kee bei d'Bomi klon!

 

 

Ech waarden

 

Ech sëtzen am Auto a waarden.

Ech waarden all Woch ëm dës Stonn.

'lo ënnen am Dall, an de Gaarden,

si Blummen a Kräider verschwonn.

 

't ass Wanter, sou seet de Kalenner,

mä 't reent an et fält wéi zerrass.

Kuck - d'Fraen an d'Kanner an d'Männer,

si hu sech nach ni sou geflass!

 

De Wand hault ëm d'Ecken 'wéi rosen.

Um Trottoir, do wackelt e Schëld.

Pabeier, deen d'Loft wëll geblosen,

verfängt sech am Drot ewéi d'Wëld.

 

Ech waarden, an d'Zäit geet eriwwer.

De Wand huet sech endlech geluecht.

Wär d'Schoul scho gutt aus, elo iwwer,

da kéime mer heem vrun der Nuecht!

 

Ech sëtzen a waarde gär virun,

de Kapp voll Gedanken a Wënsch:

op kee méi ze waarden ze hunn

ass sécher dat Schlëmmst fir de Mënsch!