Hierscht (2)

 

Et drëpst dem Hierscht

 

aus der Maul

op de Wues

vun der Nues

an all Kaul

 

vun der Heck

op all Blat

dat um Pad

nieft dem Stéck

 

wieleg läit

vun dem Wand

an de Sand

duergehäit

 

't ass muer gro

faul an dënn

a geschwënn

net méi do -

 

wéi net gewiescht

 

Et gäert

 

Et brennt a ville Länner wierklech schlëmm,

bal hei bal do gëtt Krich erkläert.

't ass Sträit am Hell'ge Land a ronderëm,

et mengt ee bal: d'ganz Welt déi gäert!

------------------------------------

Ech wor emol bei engem Brenner,

do stoungen d'Bidden an der Rei.

Ech si vum Schnaps e schlechte Kenner

a frot de Mann: "Wat dauscht dann hei?"

 

Hie sot: "'t ass d'Uebst a menge Fässer,

dat ass ewell um Hiewen drun.

Klammt op, dann héiert der nach besser,

gitt kuckt iech d'Saach 'mol richteg un!"

 

Ech sinn op d'Träppchen du geklommen

an hunn an d'Bidd eragesinn.

Oh mei! Ass do e Knascht geschwommen!

Konnt dat dann eppes Guddes ginn?

 

"Sou ass dat ëmmer bei dem Hiewen",

huet dunn de Brenner mir erkläert.

"'t ass bal genee ewéi am Liewen:

den Dreck kënnt uewen, wann et gäert!"

---------------------------------

D'ganz Welt, déi hieft, wéi 't schéint,

bal hei, bal do gëtt Krich erkläert.

Da geet et wéi de Brenner mengt:

den Dreck kënnt uewen, wann et gäert!

 

 

De Villchen

 

Mir ass dëslescht beim Trëpplegon

e klenge Villchen opgefall.

Hien hat souvill, souvill ze son,

et huet geschaalt bis an den Dall!

Ech stoung wéilaang verwonnert do,

an 't huet him guer näischt ausgemaach.

Säi freedegt Lidd goung mir sou no,

ech gouf et net méi lass deen Dag.

 

Deen aneren Dag goung ech 'rëm hin,

de Villche wor schonn nees am gaang.

En huet e Lidd zum Beschte ginn -

mäin Häerz, dat wor ewéi gefaang!

Ech wousst: hie séngt fir mech eleng,

well ech seng Sprooch sou gutt verstinn,

eng Sprooch, mat Téin sou reng,

wéi schéiner et se net ka ginn.

 

Haut wor mäi Villchen net méi do,

seng Plaz wor eidel, d'Loft wor frësch.

Säi Feele goung mer richteg no -

et ass 'lo roueg bei dem Bësch.

De Villchen ass der Sonn nogaang,

dach bannendra seet mir eng Stëmm:

Jo deen, un deems de sou gehaang,

dee kënnt bestëmmt fir dech erëm!

                       (vertount vum Luc R.)

 

 

 

Gedéiesch

 

Eng Méck

läit um Réck

a struewelt mat de Been -

mä 't hëlleft keen!

 

Eng Kaz

kënnt op d'Plaz

streckt hire Schwanz an d'Lut -

en Auto tut!

 

En Hond

hält de Mond

en huet genuch gebillt -

'lo gëtt gespillt!

 

E Päerd

leeft alläert

hénkelt vun Zäit zu Zäit -

a spréngt ganz wäit!

 

Eng Kou

huet hir Rou

knat a muelt gedëlleg -

gëtt gutt Mëllech!

 

Eng Bei

brommt elei

flitt bei d'Blumme richen -

Hunneg sichen!

 

E Giss

an der Wiss

wullt mat der Maul am Dreck -

oh wat e Geck!