De Wee

 

E läit do, laanscht d'Waasser,

huet d'Sonn um Réck.

E féiert an d'Zukunft,

versprécht der Gléck.

 

E Wee ass wéi d'Mënschen,

bal riicht, bal kromm.

E rifft dech, e lackelt:

"Dajee, da komm!"

 

E Wee ka verspriechen,

mä täuscht och alt.

Du hoffs, 't géng riichtaus, scho

gebitt hien "halt"!

 

E Wee ka verroden,

ass oft gemeng.

Am Ufank ass Teppech,

da komme Steng.

Du wëlls et net gleewen,

mä 't ass esou.

Muench Wee ass eng Sakgaass,

ass ënnen zou!

 

Wéi am Liewen

 

Gëscht wor alles naass

Haut sinn d'Beem aus Glas

An de Pawee an der Gaass

Ass falsch ewéi Haass

 

D'lescht wor alles gro

't louch mer schwéier um Mo

Ewell ass d'Sonn nees do

An den Himmel schéi blo

 

Sou ass d'Liewen

Du wëlls der en Teppech wiewen

Aus gëllene Fiedem a schwiewen

No uewe striewen ofhiewen...

 

Da bléist e kale Wand

Äiseg iwwer d'Land

E rappt der de Fuedem aus der Hand

An du bass nees e Kand...

 

 

Eriwwer

 

Ech sti beim Waasser, d'Zäit vergeet.

Wéivill Fudder si schonn d'Musel of?

Wat eriwwer, deet net leed,

't ass vergaang ewéi e kuerze Schlof.

 

A wann de Wand sech nach sou stäipt,

rosen d'Waasserwellen zréckgeheit,

eng jonk Weid sech wuel nach näipt -

ech weess gutt, wat et fir mech bedeit!

 

E Schwan, schluetwäiss wéi frësche Schnéi,

läit wéi onberéiert op der Well.

D'Dreiwe stéiert hien net méi:

hie weess näischt vu Mündung a vu Quell.

 

Wär dat net schéin, du wäers e Schwan?

D'Zäit, déi géif wéi Waasser laanscht dech gon!

't bräicht ee sech keng Suerg ze man,

wéivill d'Auer huet fir ee geschlon!

 

 

 

Hierscht (1)

 

De Bësch gloust faarweg an der Sonn

an d'Schiede gi méi laang

Geschwënn dann ass och dee verschwonn

deen d'Feier ugefaang

Well och dem Hierscht schléit eemol d'Stonn

an 't gëtt mer lo scho baang

Ass d'Sonn am Wanter nach sou ronn

si bréngt dach ni eng Saang!