Dem Paulo seng Sandalen

 

Hie wor e léiwen, donkle Bouf,

dee kengem eppes schëlleg blouf.

Säin A wor schwaarz ewéi e Kuel,

an och de Rescht, e richt'ge Stuel!

E wor nach net ganz laang am Land,

mä huet scho "wichteg" Wierder kannt

wéi "Sau" an "Houer", "Aasch" a "Kou",

a léisst 'mol een hien net a Rou,

da kënnt, wéi d'Kugel aus der Flënt,

dat Wuert, dat hie fir richteg fënnt.

Hie wor scho muerges an der Lut,

"well hien eng Schlippche Roude krut",

hunn déi aus sengem Duerf gesot,

an 't huet net bal och ee gewot

sech mat dem Paulo unzeleen,

et sief, en hätt déi flénkste Been!

 

Ee Muerge wor en Neien do,

deem louch als Wichtegst op dem Mo,

dee stäerksten Hunn am Haff ze sinn,

de "King" an hirer Schoul ze ginn.

En huet gebretzt an domm geschwat,

well hien déi flottste Kleeder hat.

Dem Paulo wore fir säi Fouss

seng al Sandale vill ze grouss.

Dat hat deen Neie gläich erbléckst,

huet blöd gelaacht an domm gegeckst,

bis datt de Paulo - wäiss wéi Kräid -

sech op de Spottvull huet gehäit

a mat der Rietser zougestach...

 

Am Hals gesäit een d'Zeechen nach,

déi bloufen, vun där spatzer Fuerf ...

 

Vun do u fënnt all Bouf am Duerf,

't géif näischt méi Schéines fir e Jong,

ewéi dem Paulo seng grouss Schong!

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Gro Wolleken

 

Gro Wolleken zéien um Himmel.

En Huer sëtz um Poul an e biicht.

A wibbelt e Blat just eng Grimmel,

hei, wéi dem Huer säin A da liicht!

 

Gro Wolleken zéien um Himmel.

E Päerd steet do, matzen am Reen

- eng Statu - et wibbelt keng Grimmel.

Naass si seng Hor, dreckeg d'Been.

 

Gro Wolleken zéien um Himmel.

Den Hond bleift am Häischen an tompt.

En hieft just de Kapp eng kleng Grimmel,

wann an der Strooss en Trakter brommt.

 

Gro Wolleken zéien um Himmel.

De Pätter steet ënn'rem Schapp.

E schnäizt an en trëppelt eng kleng Grimmel,

duerno geheit en Hee vum Knapp.

 

Gro Wolleken zéien um Himmel.

Kuck d'Gued, bei der Fënster, wéi se stréckt!

Si hëlleft alt nach déi kleng Grimmel;

d'Joren hunn hir d'Kräiz gebéckt!

 

Gro Wolleken zéien um Himmel,

verfléien, an 't gëtt erëm blo.

Ei! D'Sonn luusst schonn nees eng kleng Grimmel:

d'Fréijor kënnt lues a lues méi no!