Den Hampelmann

 

Hien hängt u Schnéier

a wibbelt lues oder séier

mat den Äerm oder Been.

Dir wäert mer Recht ginn:

Hutt dir schonn eng Hampelfra gesinn?

Gelt neen!

't ass ëmmer e Mann,

kuckt topeg dran,

verdréit och d'An

- dat léisst sech man -

huet eng laang, rout Zong,

bal bis op d'Schong.

Hie follegt all Zuch

vun der Schnouer

a kritt net bal genuch,

't ass wouer!

 

An 't ass och wouer!

't gëtt an eiser Zäit

wierkelech där Leit,

net blous op der Fouer!

't ass och kammoud,

du kënns net an Nout

zevill mussen ze denken,

léiss einfach alles hänken,

deen uewe steet

weess wéi et geet,

an dat ass wichteg!

Deen aanre mécht wéi gezunn,

an et gëtt richteg.

Dorop kënnt et un!

 

Doheem ass et och esou!

't huet een dach vill méi Rou,

wann ee paréiert,

wéi d'Fra kommandéiert!

Si leet der en Hiem dohin,

déi passend Krawatt,

wat soll da sinn,

du bass d'accord domat!

Wann si e Samschdeg de Mueren

an de Match wëllt fueren,

da fiers d'einfach mat,

drénks am Hall e Patt,

tässels d'Gedrénks hannendran,

a wat ass dann?

Ech wetten, dir sidd nach net zu Märel,

da seet si: "Du bass ower e feine Kärel!"

 

Op der Aabecht ass et och esou.

Do hues d'och deng Rou,

wann s de brav a getrei

schaffs fir deng Pei.

Méchs dat, wat de Chef seet,

esou gutt wéi et geet,

a léiss Gottes Waasser biwwer Gottes Land lafen.

Wat solls de der onnëtz Problemer verschafen

mat Verbesserungsvirschléi,

fir mat manner Plo a Méi

verschidde Saachen

besser ze maachen?

Looss dat dem Chef seng Suerg sinn,

dee muss hannen um Enn eens ginn.

Oder - hängt dee vläicht och u Schnéier,

déi genësseg, mat Plëséier,

een uewendriwwer leet

an esou de Betrib goen deet?

Wéi wäit no uewe soll dat weidergon,

a wie soll ganz do uewe ston?

Do steet bestëmmt keen Hampelmann,

do steet een, deen alles selwer kann!

Hm!

Soll deen dann net e bëschen och gezu ginn?

Soll dat dann een, bal wéi den Härgott sinn?

A wuer denks de hin!

Hues de vläicht geduecht,

dee kréich seng Hiemer net erausgeluecht?