E puer Gedanke virdrun
Treibholz
Sind wir und alle unsere Werke, unser ganzes Tun, nicht auch irgendwie Treibholz oder Treibgut?
In der germanischen Schöpfungsgeschichte wurden die ersten Menschen von den Göttern Odin, Hönir und Lodur aus TREIBHOLZ geschnitzt. Aus einem Stück Holz der Esche
wurde der Mann ASK und aus Ulmenholz die Frau EMBLA - also die Stammeltern des Menschengeschlechts - geschnitzt.
Als Nachfahren von Ask und Embla würden wir sicher deren Erbgut, Genmaterial von Esche und Ulme, in uns tragen.
All unser Wirken, unsere Werke - in der Kunst oder auf anderen Gebieten - sind sie nicht auch nur Treibgut, herangetrieben,
herbeigeschwommen auf millionenfachen Hirnströmen aus grauen Zellen? - Zugegeben, nicht immer so wertvoll wie das Treibholz dem Inuit...
Dreifholz
Dreifholz um flaache Strand
streck deng knubbleg Hand
der glidd'ger Sonn entgéint
déi haut nees onbaarmhäerzeg schéint
Dreifgutt aus groer Zell
schaukel op der Well
't gëtt een deen no der sicht
vläicht schenks de him en neit Gedicht
Dreifholz gëtt Konscht elo
steet ganz houfreg do
an Zeil u Zeil gereit
bestëmmt och ville Konscht bedeit
Dreifholz wou kënns de hier
iwwer Séi a Mier
däi Wee ass net bekannt
du nenns eis net däin Heemechtsland
Dreifgutt aus groer Mass -
ëmmer wëllkomm bass...
däi Wee deen ass bekannt
vum Kapp erof a Kënschtlerhand
E Kand
E Kand ass eng Bléi
déi nach kee Frascht gepaakt.
E Kand ass wéi Schnéi
deen net getrëppelt gouf.
E Kand ass wéi d'Mier
wa bloen Himmel ass.
E Kand ass e Stier
deen s d'ëmmer kucke muss.
E Kand ass eng Klack
déi laut an déi rifft.
E Kand ass e Stack
dee kridd'leg Wuerzelen huet.
E Kand ass eng Quell
déi spruddelt ouni Rascht.
Beim Kand gëtt nees hell
wat schwaarz an däischter wor.
E Kand ass eng Glouss
déi Steng un d'Schmëlze bréngt.
E Kand ass eng Rous
déi nach am Knapp do steet.
E Kand ass eng Sonn
déi schéint an d'Häerzer wiermt.
Beim Kand fléit all Stonn
ewéi ewechgewëscht.
E Kand ass keng Wann
déi ausgerappt ka ginn.
E Kand ass keng Spann
déi s d'einfach futti trëtts.
Beim Weier
D'Sonn brennt haut wéi gliddegt Feier
héich um Himmel, dee ganz blo.
't ass zwar waarm, mä guer net schmeier,
't ass 'mol net eng Wollek do!
D'Inte paddle lues um Weier,
zéien hannert sech eng Bunn.
D'Dauf, déi ruckelt d'selwecht Leier,
gëtt am Sangen ni en Hunn!
D'Päiplen danzen op de Wicken,
sinn 'sou richteg haut am Jumm.
D'Beie kommen Hunneg jicken,
fléie flénk vu Blumm zu Blumm.
D'Sonn liicht grell op dem Pabeier,
deem, deen dës puer Zeile schreift.
't ass nees schéin haut hei beim Weier,
wou 'sou Villes d'Zäit verdreift.
Gedanke beim Waasser
Ech sti beim Waasser, d'Aangel am Grapp,
a waarden, datt endlech een ubäisst.
Ech hat bis elo nach kee mam Schlapp,
an 't ass kaum Gefor, datt de Fuedem räisst.
Ech denken, ech hätt esou meng Zäit genotzt,
de Mued ze bueden a mam Stopp ze spillen.
Nobäi ass e Schwan, deen seng Fiedere botzt,
fir sech méi frësch ze fillen
a sech houfreg den Touristen ze presentéieren,
déi e fidderen, mat Brout a Kuch,
an en duerno da fotograféieren.
't ass kee Fësch, dee bäisst, si hunn och genuch!
Iwwerdeems ech hie kucken, de Schwan,
fueren se laanscht, wäiss Yachte voll Dreem....
't ass Mëtteg, an Zäit, mech ze hiewen!
Ech paken 'rëm an a fueren heem.
Ech hu se nach laang virun An:
Marina, Franziska, Kondor, Milan...
d'verpasste Chance vum Liewen!?
Et kann ee jo schwammen,
hätt ee sollen aklanmmen...?